In the press

Iwwer de Luc Frieden ass an leschte Jore vill geschwat ginn, hie selwer huet een awer nëmme seelen héieren: 2014 huet de laangjärege Minister sech no engem Joer an der Oppositioun aus der Chamber, an domat aus der nationaler Politik zréck gezunn. Zënterhier huet hien ni als deklaréierte Kandidat offiziell e Comeback probéiert, ma e war awer fir vill Posten am Gespréich. Dee vläicht iwwerraschendsten huet en elo kritt: gëscht ass de Luc Frieden als neie President vun der Chambre de Commerce nominéiert ginn. Méi Lauscheteren