![](/fileadmin/_processed_/7/8/csm_PROGRAMME_TRADEFAIRS_2024-2025_BANNER_850X431_f61938b052.png)
Hien hätt zu kengem Moment en Echec vum Euro gefaart - weder bei senger Aféierung, nach méi spéit wärend der Griichelandkris, sou de Luc Frieden. Hie war 2002 Budgets- an Eurominister, wéi déi gemeinsam Wärung ageféiert gouf, an no 2009 Finanzminister, wéi se hir wuel schwéierst Kris erlieft huet. Datt déi haut 19 Euro-Länner zwar eng gemeinsam Wärung, mee keng wierklech gemeinsam Budgets- a scho guer keng gemeinsam Wirtschaftspolitik hunn, wier e Konstruktiounsfeeler vum Euro, deen ee mat der Zäit behiewe misst. Méi liesen