Startup Corner episode 8 : Michel Hoffmann: en Entrepreneur, dee Frëndlechkeet verbreet!

House of Startups

Et kéint een soen, dass den Michel Hoffmann am Business ass fir “d'Leit glécklech ze maachen". Seng Startup Giftable ass wuertwiertlech drop zentréiert d’Leit ze erméiglechen Kaddoe ze schécken a méi vertraut Bezéiungen op ze bauen. De Michel erkläert eis och wéi en iwwerhaapt op de Projet komm ass, wat all Entrepreneur muss maachen éier en seng Startup grënnt a wat déi Jonk Entrepreneuren (JEL) zu sengem Parcours bäigedroen hunn.

  • Lauschtert elo eran: https://bit.ly/3qpt1a2
  • Abonnéiert de "Startup Corner" op Spotify, Apple Podcasts a Google Podcasts.

De ' Startup Corner' ass e Podcast op Lëtzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, presentéiert vum House of Startups, mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce du Luxembourg an dem SCRIPT.