Minister Franz Fayot an Ierfgroussherzog Guillaume op Wirtschaftsmissioun

13.10.2022 - RTL.lu

Pressespiegel

Zil vun der Visitt war et, fir déi ekonomesch Bezéiungen tëscht béide Länner ze verdéiwen. D'Missioun goung vum 10. bis den 13. Oktober. 

Nieft diverse Visitten an offiziellen Entrevuë gouf e Mëttwoch e Kooperatiounsaccord mat der Confédération générale des entreprises du Maroc ënnerschriwwen. D'CGEM vertrëtt eng 90.000 Memberen, wouvunner kleng a mëttelgrouss Entreprisen eng 95 Prozent ausmaachen.

Weider gouf festgehalen, datt Casablanca de Sëtz fir de "Luxembourg Trade and Investment Office au Maroc" gëtt. Méi liesen