![](/fileadmin/_processed_/7/8/csm_PROGRAMME_TRADEFAIRS_2024-2025_BANNER_850X431_f61938b052.png)
Den Dënschden hunn d'Ministere Franz Fayot, Lex Delles, Claude Turmes a Joëlle Welfring de "Klimapakt fir Betriber" lancéiert.
Beim "Klimapakt fir Betriber" solle Betriber bei der Dekarboniséierung an der Energiewend duerch ee strukturéierten a koordinéierten Usaz ënnerstëtzt ginn. Dat heescht d'Notzung vun de verschiddenen Initiativen, Programmer, Begleedungen a finanziellen Hëllefe soll erliichtert ginn. De ganze Projet gëtt et a Form vun enger Plattform.