Hannover Messe: Industrie 4.0 war Haaptthema

05.04.2019 - 100komma7

Revue de presse

Industrie 4.0 an Artifiziell Intelligenz waren d'Haaptthemen op der Hannover Messe dës Woch. D'Foire zu Hannover ass weltwäit eng vun de gréissten am Beräich Industrie a modern Technologien. Och 8 lëtzebuerger Firmen hunn hir Produit'en op engem Stand presentéiert. Vertrieder vun der lëtzebuerger Ekonomie hunn d'Foire de leschten Dënschden besicht. Dat, am Kader vun enger Rees, déi vun der Chambre de Commerce organiséiert gi war. Méi lauschteren