Start-uppe beim Start hëllefen

04.05.2018 - 100komma7

Revue de presse

Den 1. Juni mécht d'House of Startups (HoST) offiziell seng Dieren op. Mat dëser Initiativ complétéiert d'Chambre de Commerce hir Offer un Hëllefstellunge fir Leit, déi en eegene Betrib wëllen opbauen. Op de 5.700 Quadratmeter vum HoST an der rue du Laboratoire um Stater Verluerekascht, kënnen déi zukünfteg Entrepreneure mat innovative Geschäftsideeën nët nëmmen op Büroën a Wifi zreckgräifen, mee och op allerlee Kompetenzen, déi beroden a virun hëllefen. D'Karin Schintgen, CEO vum HoST, huet am 100,7-Interview am Détail erkläert, wéi dat Ganzt funktionnéiert. Interview lauschteren