Wat bedeit de Corona Virus fir d'Economie?

13.03.2020 - RTL.lu

Revue de presse

Italien a China si wuel déi beschte Beispiller dofir, wat de Corona-Virus mam Commerce an deene Länner mécht. Restauranten a Baren si bal net méi besicht oder hu komplett missen zoumaachen, Hoteller stinn eidel, och ëmmer méi Fliger bleiwen um Buedem, Evenementer ginn een nom aneren ofgesot. Déi eenzeg, déi dëser Deeg Gewënn maachen, sinn d'Hiersteller vun Desinfektiounsmëttel, Schutzkleedung an dann och nach d'Supermarchéen.

Méi liesen an lauschteren