
Zil vun der Visitt war et, fir déi ekonomesch Bezéiungen tëscht béide Länner ze verdéiwen. D'Missioun goung vum 10. bis den 13. Oktober.
Nieft diverse Visitten an offiziellen Entrevuë gouf e Mëttwoch e Kooperatiounsaccord mat der Confédération générale des entreprises du Maroc ënnerschriwwen. D'CGEM vertrëtt eng 90.000 Memberen, wouvunner kleng a mëttelgrouss Entreprisen eng 95 Prozent ausmaachen.
Weider gouf festgehalen, datt Casablanca de Sëtz fir de "Luxembourg Trade and Investment Office au Maroc" gëtt. Méi liesen