Uechtert d'Land hunn d'Commerçanten déi nämmlecht Problemer

12.08.2024 - RTL.lu

Revue de presse

Méindeg de Moie war de Lëtzebuerger Eenzelhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Commerce hei am Land ass nach ëmmer attraktiv a wiisst och ëmmer weider, sou de President vun der Luxembourg Retail Federation. De Robert Goeres war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Geschäftswelt wier och an engem permanente Wandel, ënnert anerem well d‘Internet-Generatioun anescht consomméiert. Et ginn natierlech och eng Rei Defien. Administrativ Chargen, d’Inflatioun an de Besoin u qualifizéiertem Personal wieren déi gréissten Erausfuerderunge mat deenen de Commerce aktuell ze kämpfen hätt, erkläert de Robert Goeres. Et misst ee sech adaptéieren an do sinn, wann de Client do ass.

Méi liesen