Lëtzebuerger Entreprisen am Iran: Vu Business a Mënscherechter

21.01.2016 - 100komma7

Revue de presse

Den Iran war an de läschte Joren wirtschaftlech isoléiert – dat kéint sech elo änneren: Déi economesch Sanktiounen goufe nämlech gréisstendeels opgehuewen, well den Iran säin Atom-Programm zeréckschrauft. Vill europäesch Entreprisen wëllen des Chance notzen, fir hiert Geschäft am Mëttler Osten auszebauen. Wei eng Lëtzebuerger Entreprisen wëllen op dee Wee goen? A wei eng Risiken bréngt dat mat sech? De Rick Mertens huet nogefrot. Lauschteren